
Fir eng jonk Fra huet sech de Wee op d'Cour d'appel an enger Affär vun Abus de faiblesse net gelount: No 15 Méint Prisong mat Sursis probatoire an 1. Instanz gouf si nämlech en Dënschdeg an zweeter zu 20 Méint Prisong mat Sursis probatoire veruerteelt.
D'Indemnisatioun vum Schued gehéiert zu den Oploen; dee Schued beleeft sech op net grad 95.500 €.
Et war der Fra virgehäit ginn, tëscht Juni a September 2013 engem eelere Mann eben déi Zomm ofgeknäppt ze hunn. Dem Affer hat si erkläert, d'Suen ze brauchen, ë.a. fir Scholden ze bezuelen a fir hiren Auto gefléckt ze kréien.