Accident zu MärelFra vun 81 Joer huet Kollisioun net iwwerlieft

David Winter
E Mëttwoch an der Mëttesstonn, géint 12.50 Auer, krute sech zu Märel an der Lonkecher Strooss en Auto an e Camion ze paken.
© Police

Eng Fra hat aus bis ewell ongekläerter Ursaach d'Kontroll iwwer hiren Auto verluer. Si hat e geparkten Auto ze pake kritt a war duerno an engem Camion hannendrop gefuer.

D'Automobilistin, eng 81 Joer al Fra vu Mamer, gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert, géint der Owend koum d'Nouvelle, datt si am Spidol un hiren uerge Blesse verscheet ass.

© Police

Am Asaz waren de Stater Samu, eng Ambulanz vu Mamer, d'Pompjeeën aus der Stad an d'Police.

Back to Top
CIM LOGO