GemengewalenFrae proportional manner gewielt, Net-Lëtzebuerger bal guer net

RTL Lëtzebuerg
Mol kee Véierel vun de Fraen, déi mat an d'Course gaange sinn, huet et an de Conseil gepackt. Bei den Auslänner sinn et esouguer nëmme 5,2 Prozent.
© RTL

Bei de Gemengewalen de leschte Sonndeg waren 1.480 Fraen an d’Course ëm e Mandat gaangen. Si hunn domat 38,6 Prozent vun de Kandidature gestallt. Si goufen awer proportional manner gewielt. Sou wéi och déi Net-Lëtzebuerger Kandidatinnen a Kandidaten, déi sech opgestallt haten, net gutt gewielt goufen.

Mol kee Véierel vun de Fraen, déi e Sonndeg an der Course waren, goufe gewielt. Fir genee ze sinn 22,7 Prozent vun deenen, déi sech opgestallt haten. E Sonnde waren 1.112 Mandater ze besetzen. 337 dovu sinn u Frae gaangen, also ronn en Drëttel. Frae goufen deemno proportional manner gewielt.

A 14 Gemengen, an deene gewielt gouf, haten d’Fraen um Enn vum Owend d’Nues vir: zu Bartreng, Bech, Conter, Dippech, Fiels, Iechternach, Luerenzweiler, Pëtschent, Rammerech, Rouspert-Mompech, Suessem, Tandel, Waldbëlleg an an der Stad. D’Lydie Polfer huet als Gewënnerin an der Stad déi allermeeschte Stëmme gesammelt: 15.212.

D’Gemengeréit vun der Stad, vu Schieren a vu Biwer areechen den héchste Fraenundeel mat jeeweils 55,56 Prozent.

Op d’Bezierker gekuckt, gëtt et Differenzen tëscht dem Norden an dem Rescht vum Land, wat d’Besetzung vun de Mandater ugeet. Am Norde gouf emol kee Véierel vun de Mandater vu Frae gewonnen (23,58 Prozent). Am Süden hunn d’Fraen e bësse méi wéi en Drëttel vun de Mandater kritt (34,88 Prozent). Am Zentrum (32,35 Prozent) an am Osten (31,63 Prozent) sinn et jeeweils liicht manner wéi en Drëttel.

Bei den éischte Gemengewalen ouni Residenzklausel fir d’Net-Lëtzebuerger hate sech eng 379 Kandidatinnen a Kandidate mat auslänneschem Pass opgestallt. Dat huet 4,2 Prozent vun de Kandidaturen entsprach. Gewielt goufen der am ganze Land just 20 vun hinnen, also just 5,2 Prozent vun deenen, déi sech opgestallt haten. Domat ginn nëmmen 1,7 Prozent vun de Mandater un Net-Lëtzebuerger.

Op Bezierker gekuckt, kruten Net-Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuergerinnen am Oste sechs Mandater, am Norde fënnef, am Süde véier an am Zentrum sechs. D’Mandater verdeele sech hallef hallef op Majorz- a Proporzgemengen.

Back to Top
CIM LOGO