
Souwuel de Maître Gaston Vogel, wéi och CLT-Ufa, wat d’Mammenhaus vun RTL Lëtzebuerg ass, an ee fréiere Journalist vum “Journal” goufen och am Appell fräigesprach. Den ugeklote Parteie war am Oktober de Prozess gemaach ginn, wéinst Opruff zum Haass an Diskriminatioun.
Am Zentrum vum Prozess stoung en oppene Bréif, an deem de Gaston Vogel viru sechs Joer rumänesch Heescherte mat Wieder wéi «racaille», «dégeulass» a «puanteur» beschriwwen huet. RTL.lu an de “Journal” haten dëse Bréif verëffentlecht.