WirtschaftsministèreFranz Fayot zitt ekonomesche Bilan mat gréngem "roude Fuedem"

Monique Kater
"Nohaltegkeet" - dat Wuert kann ee fir dem Wirtschaftsminister säi Bilan vun der Legislatur als Iwwerschrëft huelen.
Fayot zitt ekonomesche Bilan mat gréngem "roude Fuedem"
“Nohaltegkeet” - dat Wuert kann een als Iwwerschrëft huelen, fir dem Wirtschaftsminister säi Bilan vun der Legislatur.

Vun enger Lëtzebuerger Ekonomie där 2020 d’Pandemie an dunn de Putin hire Stempel opgedréckt an d’Aarbecht vum Ministère beaflosst huet.

De Franz Fayot nennt seng Wirtschaftspolitik “progressistesch an zukunftsorientéiert”, a schwätzt vu kuerz-, mëttel-, a laangfristege Resultater. Beim Wuesstem sollt een, nieft senger Nohaltegkeet, virun allem eppes net aus den Ae verléieren: de Critère vum Bien-être. An de Bléck hannert d’Zuelen. Lëtzebuerg wier als Wirtschaftsstanduert ëmmer nach attraktiv, och ouni Baisse vun der aktueller Betribssteier vu 25 Prozent.

D’Schreiwes vum Wirtschaftsministère fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO