GäichelFrontalkollisioun e Méindeg am fréien Owend

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend um 17.34 Auer ass d'Permanence vun den Habschter Pompjeeën an d'Gäichel geruff ginn, well sech do 2 Autoe ze pake kruten.
© CISH

Op der Plaz ukomm, gouf festgestallt, dass béid Ween frontal aneneegerannt waren, zum Gléck awer kee gréissere Schued entstanen ass.

D'Persounen aus de Gefierer koume mat der Ambulanz vum CIS Stengefort fir eng Kontroll an d'Areler Spidol.

Back to Top
CIM LOGO