CR122Frontalkollisioun tëscht Auto a Camionnette - 2 Blesséierter

Andy Brücker
Tëscht Amber a Blaaschent koum et um Mëttwoch de Moien op der verschneiter Strooss zu enger Frontalkollisioun tëscht engem Auto an enger Camionnette.
© Olidom Multimedia

Éischten Informatiounen no goufen 2 Persoune blesséiert, eng huet mussen aus dem Gefier erausgeschnidde ginn.

D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart, goung awer géint 10.15 Auer nees op.

© Olidom Multimedia

FOTOGALERIE

Back to Top
CIM LOGO