
Am Ausgang Hengescht konnt d'Police de Won lokaliséieren. Wéi d'Poliziste bei den Auto gaange sinn, ass hinnen opgefall, dass de Chauffer an de Bäifuere grad am Gaang waren, d'Plazen ze tauschen.
Wéi d'Beamten déi zwee Männer drop ugeschwat hunn, hu si dëst awer fir d'éischt nach ofgestridden, ier si de Plazwiessel dunn awer zouginn hunn. Wéi sech dunn erausgestallt huet, hat de Chauffer gedronk. De Permis gouf agezunn.
Och an der Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg war zur gläicher Zäit eng Fra mat hirem Won ënnerwee, déi och ze vill gedronk hat. Och hei war de Permis fort.
Eng Stonn méi spéit war et ee weideren alkoholiséierte Chauffer, dat an der Rue Joseph Felten um Houwald. De Mann huet säi Gefier misse stoeloossen a krut eng Verwarnung vun 145 Euro an zwee Punkten ewechgeholl.