ZeienopruffGängsteren no Abroch um Briddel op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Ëm Hallefnuecht e Samschdeg gouf an een Haus an der Rue John Fitzgerald um Briddel agebrach. D'Täter sinn duerno zu Fouss respektiv engem Auto geflücht.
© Archiv

Nodeems d'Police d'Abriecher iwwerrascht hat, hunn dës sech duerch d'Bascht gemaach. Engem vun den 3 Gängsteren ass et gelongen, mat engem groen Audi RS6 mat der geklauter Lëtzebuerger Plack BR4676 ze flüchten. Op senger Flucht huet hien e Policewon gesträift a beschiedegt. Bis op Räichel sinn d'Beamten dem Auto hannendru gerannt. Do huet den Täter sech awer och zu Fouss fort gemaach a konnt net méi gepëtzt ginn.

E Samschdeg de Moien um 8 Auer gëtt weiderhin no den Abriecher gesicht. 2 Männer waren ongeféier 1,75 Meter grouss, vu schlanker Statur, hate Kapen un an hiert Gesiicht mat engem Buff vermummt. Ee vun deenen zwee hat eng gréng-brong Jackett un. Deen drëtte Mann war ongeféier 1,80 Meter grouss, kräfteg gebaut a war donkel ugedoen.

D'Police geet dovunner aus, datt déi dräi Täter mëttlerweil wéinst hirer Flucht naass a knaschteg sinn.

Den Ament soll ee kee mam Auto mathuelen an all verdächteg Persounen dem 113 mellen.

Bis e Samschdeg de Mëtteg goufen am Ganzen 3 Abréch an Haiser, een an e Keller, een an eent Gaardenhaischen, een op engem Schantjen an een an e Chalet gemellt.

Back to Top
CIM LOGO