Parlamentaresch Fro vun der ADRGanz kuerz Äntwert vum Minister fir Fonction Publique
Et goung ëm d'Fro, ob Personal-Delegéiert am ëffentleche Secteur déi selwecht aarbechtsrechtlech Protektioun missten hunn ewéi déi am private Secteur.
Verëffentlecht: 12.02.24 13:56, Update: 11.12.25 14:41
Dat wollt d'ADR-Deputéiert Alexandra Schoos vum Minister fir d'Fonction Publique Serge Wilmes wëssen.
De Serge Wilmes äntwert an zwee Sätz: "An hirer Fro schreift déi honorabel Deputéiert, datt d'fundamental Dispositiounen, déi gewerkschaftlech Fräiheete betreffen, am ëffentleche Secteur net géinge respektéiert ginn. Déi Ausso kann ech net confirméieren".