CGDISGanz Rei Accidenter mat Blesséierten, 2 Mol huet et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et en Dënschdeg de Moien zu enger Rëtsch Accidenter, ugefaangen um 6.38 Auer zu Nidderfeelen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS Archivbild

Do sinn an der Baaschtnecher Strooss 2 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Géint 7.40 Auer krut en Automobilist e Cyclist um Kierchbierg an der Rue Edward Steichen ze paken. D’Persoun um Vëlo gouf verwonnt.

Kuerz virun 9.30 Auer krute sech zu Jonglënster an der Garer Strooss en Auto an e Bus ze paken, och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.

Gebrannt huet et géint 8.30 Auer zu Déifferdeng an der Rue Michel Rodange. Do stoung virun enger Garage e Won a Flamen. An zu Bruechtebaach an der Driicht huet am Laf vum Moien e Kamäi Feier gefaangen.

Um 10.49 Auer hate sech 2 Autoen op der A3 tëscht Diddeleng an der Grenz ze pake kritt. 2 Leit goufe verwonnt.

Op der A13 tëscht Keel a Biereng waren et um 14.07 Auer 2 Ween, déi sech ze pake kruten. Och hei goufen et dem CGDIS no 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO