
E Samschdeg de Moie géint 6.15 Auer ass op der Nationalstrooss 24 en Auto an e Bam gerannt. 2 Persoune goufen dobäi blesséiert. Wéi de CGDIS mellt, waren de Samu vun Ettelbréck an dee vun der Stad op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Biekerech a Réiden, an d'Ambulanze vu Réiden a Stengefort.
Géint 9.15 Auer sinn zu Bouneweg an der Rue Pierre Krier e Camion an en Auto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
Eppes no 11 Auer war op der Rossmillen an Motocyclist an en Accident verwéckelt a gouf verwonnt.
Zu Hunchereng krute sech géint 11.25 Auer an der Näerzenger Strooss 2 Autoen ze paken. Hei sinn 3 Blesséierter ze bekloen.
Zwee Mol hat et zu Gréiwemaacher gerabbelt. Eemol kuerz no 14 Auer an nach emol um 14.52 Auer. Hei gouf eng Persoun blesséiert. En auto an e Moto hate sech ze pake kritt.