No engem verreente Wanter, an deem et bis an de Februar zäitweis geschott huet ewéi aus Eemeren, ass zanter iwwer engem Mount keng Drëps Reen méi gefall. A grad an enger Period, wou d'Natur an d'landwirtschaftlech Kulture Waasser bräichte fir ze wuessen.
Duerch de leschte naasse Wanter sinn op de Felder ganz vill Kulturen ersoff. Wéinst dem gudde Wieder kommen d'Béischten ëmmer méi fréi op d'Weed. Duerch d'Dréchent déi leschte Jore mussen d'Baueren awer och ëmmer éischter ufänke mat fidderen.
RTL NEWS: Dréchent wärend sanitärer Kris: Wéi gesinn déi aktuell Reserve vun eisem Drénkwaasser aus?