Dréchent wärend sanitärer KrisWéi gesinn déi aktuell Reserve vun eisem Drénkwaasser aus?

Christophe Hochard
Dat aktuellt sonnegt Wieder war sécher fir d'Moral vu ville Leit ganz wichteg. Et huet awer zanter dem Ufank vum Fréijoer net wierklech vill gereent.
Drénkwaasserreserven
Déi sanitär Kris huet Auswierkungen op vill Beräich. Och op dee vun der Waasserversuergung.

Wuel ass an de Wanterméint vill Reen erofgaangen. Allerdéngs och net genuch, fir de Retard vun de leschte Joren opzehuelen. An duerch déi aktuell sanitär Kris ass och méi Waasser doheem verbraucht ginn. 50 Prozent vun eiser Drénkwaasserversuergung kënnt aus dem Stauséi vun Esch-Sauer. An dësem wär den Ament eng uerdentlech Reserv u Waasser, fir iwwer de Summer ze kommen.

Iwwer den August fueren ëmmer vill Lëtzebuerger an d’Vakanz. Duerch déi aktuell Pandemie kéint aus der Summervakanz dëst Joer näischt ginn. Ergo bleiwe méi Leit am Land a verbrauche Waasser.

Fir eng uerdentlech Grondwaasser Recharge ze hunn, ass et och wichteg, bei der Versigelung vum Buedem, Fouss bei Mol ze halen.

Back to Top
CIM LOGO