Invité vun der Redaktioun (9. Mee)Gast Gibéryen: De Staatsrot muss reagéieren

Claude Zeimetz
Invité vun der Redaktioun en Mëttwoch de Moien war den Deputéierte vun der ADR.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Gast Gibéryen
Invité vun der Redaktioun en Mëttwoch de Moien war den Deputéierte vun der ADR.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen war och iwwerrascht wéi en d'Nominatioun vun der Affekotin Martine Lamesch als neie Member vum Staatsrot héieren huet, dat sot hien um Mëttwoch de Moien bei eis op der Antenn. Wéi et dozou komm ass, kéint hien awer wéinst dem geheime Vott an der héijer Kierperschaft net novollzéien. Dat neit Gesetz, de virgeschriwwene Parteiproporz wier net onbedéngt eendeiteg z'interpretéieren.

Gast Gibéryen: Op der anerer Säit stellen ech mer d'Fro, wann e Gesetz esou eppes virschreift, an et gëtt e geheime Vott gemaach an et kënnt en anert Resultat... wéi argumentéiert een e geheime Vott?

Et wier eng konfus Situatioun, an de Gast Gibéryen waart drop, dass de Staatsrot seng Erklärung dozou soll ofginn. De Staatsrot krit hei virgeworf e géif d'Gesetz net anhalen, an den ADR-Deputéierte ka sech net virstellen, dass de Staatsrot dat op sech sëtze léisst.

De Gast Gibéryen

D'anti-gréng Koalitioun déi de Co-President vun de Grénge Christian Kmiotek hannert dem Manöver gesäit, gëtt et an deem Sënn fir de Gast Gibéryen net. Nawell wier Gambia um Enn.

D'ADR presentéiert den 1. Juni hir 60 Kandidaten fir d'Chamberwahlen. Als leschte Bezierk hëlt den Norden dës Woch seng 9 Leit un. D'alternativ demokratesch Reformpartei gesäit sech ganz gutt opgestallt. Et hätt een et mat der Allianz mam Wee2050 vum Fred Keup fäerdeg bruecht de Wieler eng wierklech Alternativ zu den anere Parteien ze presentéieren. Op de Lëschten wieren déi Leit regroupéiert déi mat der ADR fir déi selwecht Iddien antrieden, déi beim Referendum mat Nee gestëmmt hunn a sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch asetzen. Och de Petitionnaire iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch Lucien Welter geet mat an och den Daniel Rinck vun der Facebook-Grupp Neiwahlen dierft am Oktober fir d'ADR matgoen. Datt et zum Eclat wéi an der Stad bei de Gemengewahle kënnt, mat enger Kandidatin déi mat islamophoben Aussoen opgefall war, kéint ee méi wéi sécher ausschléissen, sou eisen Invité vun der Redaktioun.

De Gast Gibéryen huet um Mëttwoch de Moie vun de beschten an de jéngste Lëschte geschwat, déi d'Oppositiounspartei jee hat. Erkläerten Zil ass, datt d'ADR nees Fraktiounsstäerkt kritt. Et wëll een deemno op d'mannst de Sëtz am Osten an am Norden, dee verluer gaange war, zeréck kréien.

Invité vun der Redaktioun en Mëttwoch de Moien war den Deputéierte vun der ADR.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO