Stellvertriedend fir all d’Affer vun der Resistenz am Zweete Weltkrich, gouf um Sonndeg beim Hinzerter Kräiz deenen 23 Jonge geduecht, déi virun 81 Joer am Hinzerter Bësch, vun den Nazien erschoss goufen.
''Wat géift Dir maachen, wann eng friem Besatzung erëm d’Muecht iwwert d’Lëtzebuerg ergräife géif? Géife mir einfach matmaachen, fir e bequeemt Liewen ze féieren oder eis widdersetzen? Géife mir wierklech eis a Liewensgefor bréngen, nëmme fir engem System entgéintzewierken, mat deem mir net averstane sinn? Géife mir d’ Liewe vun eiser Famill a vun eise Kolleegen op d’Spill setzen, fir géint e Regimm ze kämpfen? '' De Victor Pierrard, Schüler am Lycée Michel Rodange huet d’Gäscht op e sougenannte Gedanken-Experiment invitéiert.
Och oder grad 81 Joer duerno. De Virgile, d’Inés, den Thomas, de Victor, si si Passeurs de mémoire. A wëssen, wou se sech Informéieren a wei se de Message weider ginn. Grad un hir Generatioun.
Mat deene Wierder huet d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes d’Bréck, vun Deemools op Haut geschloen. A gewarnt virun deem wat Haut, an der Welt a deels, jo, souguer virun onser Hausdier geschitt.
''Mir gesinn extreem riets Parteien, déi a verschiddene Regierunge sinn, déi a verschiddene Parlamenter sinn, ech denken un d’Walen an Däitschland haut, ech soen awer elo soss näischt dozou, mir gesinn ëmmer nees méi Diskriminatioun an Intoleranz an eiser Gesellschaft. Mir gesinn och wéi eis Demokratien
am Fong vu Banne futti gemaach ginn. Mir héieren, dass verschidde Communautéite solle vernicht ginn, an dat net iergendanzwousch op der Welt. Dat ass hei zu Lëtzebuerg gesot a geliked ginn. ''
An dofir däerfe mer ni vergiessen, wat virun 81 Joer an onsem Land geschitt ass. A wien dofir responsabel war. ''Ne pas nommer les choses, c’est ajouter au malheur du monde.’' sou de Guy Dockendorf virum Hinzerter Kräiz.