ChamberGeet den Tripartitesaccord wäit genuch?

Tim Morizet
D'Inflatioun soll weider klammen. Deemno wiere méi Indextranchë fälleg wéi virgesinn an d'Mesurë vum Tripartitesaccord vun Enn Mäerz scho rëm bal hifälleg.
Geet den Tripartitesaccord wäit genuch?
D’Inflatioun soll weider klammen. Deemno wiere méi Indextranchë fälleg wéi virgesinn an d’Mesurë vum Tripartitesaccord vun Enn Mäerz scho rëm bal hifälleg.

Net nëmmen Hëllefen am Beräich Ëmweltschutz si gefrot. Wat gëtt vu staatlecher Säit ënnerholl, fir de Leit allgemeng ënnert d’Äerm ze gräifen, well alles méi deier gëtt? An der Chamber sinn en Dënschdeg d’Aarbechten an der spezieller Tripartite-Kommissioun virugaangen.

D’Aarbecht an der Chamber konzentréiert sech - aktuell - op den „politesche Konsens”. D’Mesuren, op déi ee sech op der Tripartite gëeenegt huet, sollen an en Omnibus-Gesetz kommen, kuerz: ee Gesetz, dat direkt e puer Mesurë rassembléiert. Eng Rei vun deenen Texter goufen en Dënschdeg de Mëtteg debattéiert.

„Et geet haaptsächlech ëm d’Indextranche, déi elo am Juli/August sollt afalen. Bei där gëtt et politesche Konsens do, datt dës op den 1. Abrëll 2023 verréckelt gëtt. Dofir gëtt an den ënneschte Salaire-Klasse gutt kompenséiert, souguer iwwerkompenséiert”, sou den Dan Kersch.

Wat geschitt, wann elo awer nach eng 3. Indextranche d’nächst Joer bäikënnt? Dat gouf ugeschwat, ma géif nach an de Stäre stoen, esou d’Majoritéitsparteien. Also eng hypothetesch Aarbecht.

„Ech mengen, d’Richtung ass kloer. Den Däiwel läit am Detail. Et muss een elo klären, datt dat, wat am Text steet, och politesch esou gewollt war”, sot weider den LSAP-Politiker Dan Kersch.

Et gëtt e politeschen Accord an et gëllt deen elo ëmzesetzen. Dat geet der Oppositioun awer net duer. D’CSV huet an der Kommissioun souguer gefrot fir d’Verhandlungspartner an d’Kommissioun ze ruffen.

„Do ass et zu engem Vott komm, a wéi ëmmer gouf dëse mat 31 zu 29 Stëmme verworf. Dat ass eppes, wat mer bedaueren. Zemools, well sech nei Problemer opgedoen hunn, ewéi wat gemaach muss ginn, wann et zu neien Indextranchë kennt. Do ginn et eng Rei Kontradiktiounen am Gesetz”, huet de Gilles Roth betount.

Enger neier Tripartitte, vläicht souguer scho fir d’Rentrée, wann néideg, géif hei aktuell keen am Wee stoen.

Back to Top
CIM LOGO