Tarkett mat Sëtz zu Lenzweiler a Wolz, déi ronn 500 Mataarbechter beschäftegt, gouf zanter leschter Woch mat enger Cyberattack geplot. Béid Kéiere wär mat enger sougenannter „Ransomware „geschafft ginn.
Eréischt am Januar dëst Joer gouf et eng Hacker-Attack op den informatesche Reseau vun enger grousser Lëtzebuerger Baufirma. Deemools goufe 500.000 Dollar vun den Hacker gefrot, fir all d'Donnéeë vun der Baufirma nees z'entschlësselen. Och beim Cactus wär mat enger Ransomware geschafft ginn, dat huet d'amerikanesch Cyber-Sécherheetsfirma Cyble op hirem Site geschriwwen. Dobäi handelt et sech ëm keng onbekannte Software, wéi de Pascal Steichen vu Security made in Lëtzebuerg eis erkläert.
„Also déi Software Revil ass ons bekannt zanter Abrëll lescht Joer ongeféier. D'Geféierlechkeet läit net un der Software u sech, ma méi un der krimineller Gang, déi derhannert stécht. An d'Prinzip vun enger Ransomware ass, dass d'Donnéeë vun enger Firma ebe verschlësselt ginn an dofir net méi ze notze sinn. An da gëtt dowéinst Geld gefrot, fir dass een de Schlëssel kritt, fir nees kënne weiderzeschaffen.“
Och bei Tarkett ass héchstwarscheinlech mat enger Ransomware geschafft ginn. Weider Detailer gëtt d'Entreprise op Nofro awer keng. Et wär een den Ament nach an enger kriddeleger Phas.
Viru 4-5 Joer wär d'Zuel vun den Attacke mat Ransomware ganz staark an d'Luucht gaangen an et géing sech mëttlerweil och rentéiere fir d'Hacker.
„Dat huet sech an deene Joren immens professionaliséiert. A momentan gesi mer manner an der Zuel, mä méi grouss Impakter an den eenzele Fäll, well sech déi Kriminell eben vill méi op déi Reconnaissance spezialiséiert hunn a sech méi Zäit loosse fir genee ze kucken, wéi vill kann ech froe bei der enger oder anerer Firma, fir eben do de beschtméiglechen Outcome ze hunn.“
Generell gekuckt wär d'Zuel vun den Hackerattacke wärend der Corona-Kris awer net an d'Luucht gaangen.
„Wat mer gesinn hunn, ass, dass d'Thema Covid-19 natierlech ausgenotzt gëtt vu Kriminellen, wat bei all groussem Thema an de Medien sou ass. De Medium Email ass deen, deen am meeschte benotzt gëtt. Also wäit iwwer 60 Prozent. An do gëtt et da vun allem. Mir hu gesinn, dass et Zorte Falschmeldunge gëtt, wou een da muss op een Link goen, wou een da soll d'Informatioune kréien, wat dann e Site ass, wou ee gehacked gëtt, bis op falsch Facturen, bis op falsch Annoncë vu Masken, alles wat wierklech ronderëm d'Thema Covid ass.“
Och bei der BGL kruten Enn Februar eng Dose Clienten duerch Phishing-Attacken, also iwwer Email, Dausenden Euro vun hire Konten geklaut. Do réit de Pascal Steichen vu Security made in Lëtzebuerg de Leit, wierklech vigilant ze sinn wéineg E-Mailen opzemaachen a wou se hir Passwierder erausginn.
Fir sech dogéint als Firma géint Ransomware ze schützen, wär et wichteg, ëmmer e Backup-System vu sengen Donnéeën ze hunn, deen net un iergendee Reseau ugeschloss ass. D'Hacker géinge sech och ëmmer weider entwéckelen, et wär wéi eng parallel Ekonomie, déi een net dierft ënnerschätzen, sou de Pascal Steichen.
