Invité vun der Redaktioun (10. Januar) - Guy HoffmannGehälter Staat vs Privatsecteur - De Fanger an d'Wonn leeën

Sascha Georges
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Bankenassociatioun ABBL eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guy Hoffmann
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Bankenassociatioun ABBL eisen Invité vun der Redaktioun.

De Bankesecteur fillt sech heiansdo e bësse vergiess. Et wär wichteg, datt de Premier an de Finanzminister de Secteur ënnerstëtzen, dat wär och ginn, sot um Donneschdeg de Moien de President vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken a Banquieren. De Guy Hoffmann war den Invité vun der Redaktioun. Mä och Talenter missten ënnerstëtzt ginn. An hei géif et de Problem ginn, datt de Staat als Patron méi attraktiv wär wéi eben zum Beispill de Bankesecteur.

Betriber bilden d'Leit aus an da gi se bei de Staat, sou de Guy Hoffmann. D'Ufanksgehälter wären ze héich. Et wär hei eng onglécklech Situatioun geschafe ginn, well d'Differenz wär ze grouss. Et wéilt ee kengem eppes ewech huelen, mä et misst een awer de Fanger an d'Wonn leeën. Et wär nu mol e Problem, wann d'Entreprisë keng Leit méi fannen.

D'Formatioun hei am Land? Do bedauert de Guy Hoffmann, datt iwwer 15 Joer, an deenen d'Uni Lëtzebuerg opgebaut gouf, net mam Finanzsecteur geschwat gouf. Do wier Nachholbedarf. Ewell misst een nämlech wäit iwwert Grenzen eraus, no qualifizéiertem Personal sichen.

Op d'Digitaliséierung ugeschwat, sot den ABBL-President, datt et sécher géif derzou féieren, datt Aarbechtsplazen ewech falen. Och d'Verhale vum Client ännert sech. Knapp 50'000 Leit schaffen am Finanzsecteur. Si beschäftegt ze halen, op Verännerunge reagéieren a sou wéineg Plaze wéi méiglech ofzebauen, wär d'Zil, sou de Guy Hoffmann.

Op de Brexit hätt ee sech, sou gutt et geet, preparéiert. Ma, eng gewëssen Onsécherheet bleift awer, sou nach de Guy Hoffmann.

En Donneschdeg de Moie war de President vun der Bankenassociatioun ABBL eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO