Dat fuerdert den OGBL. Den Nationalvirstand vun der Gewerkschaft war eng éischte Kéier fir dëst Joer beieneen. Wie bis dann net den Notze vun enger Impfung géif agesinn, géif et och dono net maachen, seet d’OGBL-Presidentin Nora Back.
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond geet gären de Wee iwwer d’Solidaritéit an dowéinst wär ee géint eng sektoriell Impfflicht a géint eng fir Leit vun engem gewëssenen Alter un. Et wéilt een net nach zousätzlech Spaltungen. D’Impffro dierft net op der Aarbecht decidéiert ginn, et dierft kee seng Aarbechtsplaz verléieren. Den OGBL weist sech gläichzäiteg awer bereet, fir iwwer eng allgemeng Impfflicht ze diskutéieren.
E weidert Thema fir den OGBL sinn aktuell déi héich Energie- a Gaspräisser. D’Gewerkschaft fuerdert en Entlaaschtungspak fir d’Stéit. Et géif net wierklech eng Äntwert vu politescher Säit ginn. D’Erhéijung vun der Allocation de vie chère géif net duer goen.
Bei der CO2-Steier wäre méi héich Kompensatioune gefrot an de Plafonnement vun de Präisser dierft och zu Lëtzebuerg keen Tabu sinn.
