Covid-CheckGëllt och fir Kanner iwwer 6 Joer

Pierre Weimerskirch
De Covid-Check gëllt och fir Kanner iwwer 6 Joer. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert war Invité am RTL-Wellebriecher.
D'Paulette Lenert am Wellebriecher
De Covid-Check gëllt och fir Kanner iwwer 6 Joer. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert war Invité am RTL-Wellebriecher.

Sidd dir geimpft, getest oder gesond? Froen, déi an Zukunft einfach iwwert de System Covid-Check kënnen iwwerpréift ginn, fir nees méi grouss Evenementer ze erméiglechen oder och de Besuch am Restaurant ze vereinfachen.

Am 30. a leschten Episod vum Wellebriecher war d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert eis Invitée. De Covid-Check géif fir jiddereen am Alter iwwer 6 Joer gëllen, esou d'Ministesch.

An Zukunft sollen net geimpfte Persoune méi reegelméisseg an de Large-Scale-Testing invitéiert ginn, fir esou och méi einfach vum Covid-Check kënnen ze profitéieren. D'Gesondheetsministesch schléisst net aus, datt mer am Hierscht erëm dat normaalt Liewen zeréck hunn.

Datt d'Zuelen nach emol klammen, hält d'Paulette Lenert awer och net fir onméiglech. D'Gesondheetsministesch ass op där enger Säit natierlech erliichtert, datt d'Zuelen an déi richteg Richtung ginn, si verstoppt awer net, datt et op där anerer Säit awer och eng ënnerlech Angscht gëtt.

"Mir si puer Mol scho schlecht iwwerrascht ginn, datt traut ee sech net, sou richteg sech ze freeën. Grondsätzlech sinn ech den Ament awer éischter optimistesch. Eis Zuele weisen an déi richteg Richtung a wann et net elo ass, wou ee sech kann trauen, bësse méi auszeprobéieren, da weess ech net, wéini den Ament ass."

D'Paulette Lenert ënnersträicht awer, datt d'Pandemie nach net eriwwer ass an datt d'Regierung d'Situatioun dofir och weider ganz genee wëll weider suivéieren. E wichtegt Instrument ass a bleift fir d'Gesondheetsministesch do de Large-Scale-Testing.

"Et ass extrem wichteg, datt mer kënne suivéieren, ob Leit, déi zum Beispill scho geimpft sinn, ob se awer nach positiv ginn. Mir maache jo och ganz vill Séquençage, fir ze kucken, wéi eng Variante mer hunn. Mir wëllen am Fong esou informéiert wéi méiglech bleiwen, fir esou fréi wéi méiglech ze gesinn, wa sech géifen nei Tendenzen eraus schielen, fir einfach dat Wëssen ze hunn an dat ass iwwert de Wee vum Large-Scale-Testing, dee mer jo scho laang hunn a gratis maachen."

De Large-Scale-Testing gëtt also weider bäibehalen a kann am Kontext vum Covid-Check grad fir déi Jonk wichteg sinn.

"Et ass en Instrument, dat eis e Kader gëtt an dat mer ëmmer kënnen adaptéieren en fonction vun deem, wat mer grad brauchen. Et ass eng Tatsaach, datt ëmmer méi Leit en Impfzertifikat wäerten hunn, wärend en Deel vun der Bevëlkerung, déi méi Jonk, déi Méiglechkeet nach net hunn. Do ass och de Large-Scale-Testing natierlech en Instrument, wat do kann hëllefen."

Ze gesinn, ob de Vaccin och bei deenen neie Varianten duergeet, dat bleift fir d'Gesondheetsministesch eng Erausfuerderung. Si hofft, datt keng Well méi muss gebraucht ginn, mä datt d'Zuelen an Zukunft esou niddereg sinn, datt ee se gutt geréiert kritt.

Back to Top
CIM LOGO