
Verzweiwelt Awunner, déi sech vun den Autoritéiten am Stach gelooss fillen, hate sech bei RTL gemellt an eis hir Siicht vun der Situatioun erzielt. Och Vertrieder vun der Tuning-Grupp hate sech als Reaktioun dorobber kloer vun de Courssen, déi ëmmer nees gefuer ginn, distanzéiert.
No eisem Artikel vum leschte Mëttwoch huet d’Police de Weekend matgedeelt, datt si eng grouss Kontroll um Tuning-Treffen zu Conter gemaach hunn, bei där 29 Beamten am Asaz waren.
En Dënschdeg dunn huet d’Gemeng Conter an de soziale Medie matgedeelt, datt een elo an hirem Zoustännegkeetsberäich aacht Schwellen, déi de Verkéier berouege sollen, installéiert huet.
Op Nofro bei der Gemeng heescht et, datt ee scho méi laang hei un enger Léisung géif schaffen. D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet präziséiert, datt et viru Joren e grousst Treffe mat der Police an de Betriber, déi an der Industriezon schaffen, gouf, fir zesummen ze kucken, wéi een de Problem kéint léisen. Eng vun den Entreprisen, déi e grousse Parking huet, dee vun den Tuner genotzt gëtt, sollt hei eng Barrière opriichten, wat bis ewell awer net geschitt ass, obwuel d’Gemeng nach e puer Mol nogefrot huet.
D’Buergermeeschtesch sot, datt een no der leschter onbeäntwerter Korrespondenz dunn decidéiert huet, selwer aktiv ze ginn an déi Schwellen opzeriichten, och wann dës net agreabel si fir d’Leit, déi dohinner schaffen oder akafe kommen. Et wier hir bewosst, datt och elo Leit matbestrooft ginn, déi näischt mat der Situatioun ze dinn hunn.
Op engem leschte Meeting mat der Police goufen dann och déi rezent Aktiounen, déi scho méi laang geplangt waren, koordinéiert. Ma vill hätt déi grouss Policekontroll vum Freideg awer net bruecht, well e Samschdeg den Owend hätt et nees eng ganz änlech Situatioun op der selwechter Plaz ginn.
D’Marion Zovilé-Braquet huet eegenen Aussoen och och näischt géint déi Leit, déi sech do treffen. Si hätt sech selwer schonn e puer Mol e Bild vun der Situatioun gemaach an déi allermeescht vun de Tuning-Fans, déi aus den Nopeschlänner kommen, wäre ganz fein, géifen do stoen, sech d’Autoen ukucken, driwwer diskutéieren an eppes iessen an drénken.
Et wieren der just e puer, déi sech “de Batti stellen” a mat hiren Autoe Kaméidi, respektiv ganz geféierlech Manöver maachen. D’Conter Gemengemamm huet eis erzielt, datt si vu Situatioune weess, wou d’Tuner mat héijer Vitess de falsche Wee duerch de Rond-point gefuer sinn an en Accident mat aneren Automobiliste just ganz knapp evitéiert konnt ginn. Dat Ganzt natierlech mat ofmontéierte Placken, fir net erkannt ze ginn.
Et wieren och net just d’Awunner, déi direkt an der Géigend vun der Industriezon wunnen, déi sech beschwéiert hätten, ma de Kaméidi vun de puer Wéinege géif däitlech méi wäit ze héiere sinn, Deels bis an d’Nopeschgemeng op Sandweiler.
Elo ass et d’Hoffnung, datt dëst Agräife vun der Gemeng eppes bréngt. Ob sech dat Ganzt op enger Plaz an oder baussent der Industriezon verlagert, bleift awer ofzewaarden. Besser wier awer, wann eng eegen Infrastruktur géif opgeriicht ginn, wou dës Leit hirem Hobby oder Sport kënnen nogoen, ouni awer Awunner duerch vill Kaméidi ëm de Schlof oder duerch geféierlech Fuermanöver a Gefor ze bréngen.