SyvicolGemenge leiden ënnerschiddlech ënner Präishaussen

Diana Hoffmann
Anne Wolff
Wéi all Bierger, hunn och verschidde Gemenge mat de Präishaussen ze kämpfen. An domat, dass de Budget ënnert dem Stréch weiderhin opgeet.
Gemenge leiden ënnerschiddlech ënner Präishaussen
Wéi um Bord vun der Reunioun vum Syvicol gewuer ze gi war, sinn d’Gemengen zwar all vun de Präishaussë concernéiert, ma dat awer ganz ënnerschiddlech.

D’Gemengen an d’Präishaussen / Reportage Diana Hoffmann

Waasserpräisser, déi an d’Luucht ginn, Zënshaussen a méi deier Matière Première am Bau: D’Präishaussë concernéieren och d’Gemengen, mee ganz ënnerschiddlech. Dat war um Bord vun der Reunioun vum Syvicol, der reegelméisseger Reunioun vun de Buergermeeschter a Schäffen, gewuer ze ginn. Villes géing hei vun der Situatioun vun der Gemeng ofhänken. Eng global Aschätzung vun der Situatioun wier deemno net méiglech, seet de President vum Syvicol a Buergermeeschter vu Clierf, den Emile Eicher. Just eenzel Gemenge wieren den Ament a seriöe finanzielle Schwieregkeeten. Eng ganz Rëtsch géing awer och schonn hir Projeten e bëssi no hanne verleeën oder se an d’Längt zéien. D’Konsequenz dovunner ass, dass Investitiounen net méi sou séier viru kommen - nei Projeten also op sech waarde loossen.

Dat hätt natierlech och Konsequenzen op de Bau. An domat op den abordabele Wunnraum, dee mat Hëllef vun de Gemenge soll staark viru gedriwwe ginn. Den Emile Eicher mengt awer, déi grouss Gemenge géingen hir Projeten elo nach duerchzéien. Mëttel oder laangfristeg fäert hien awer Diskussioune bei deem Sujet. Wann déi grouss Gemenge richteg investéiere géingen, géing een direkt e positiivt Resultat gesinn, sou dem President vum Syvicol seng Aschätzung.

Den Ament gëtt an de Gemengen och vill driwwer diskutéiert, a wéi enger Form d’Augmentatioun vun de Waasserpräisser un d’Clientë kann oder muss weidergi ginn. Ofhängeg wier dëst och dovunner, wéi eng Kategorië vu Consommateuren een hätt. Sou hu ländlech Gemenge mat vill landwirtschaftlecher Notzung zum Beispill en héije Waasserverbrauch. Fir d’landwirtschaftlech Consomatioun bitt d’Gemeng awer e favorabele Präis. Déi global Méikäschte vum Waasser mussen also do zu engem méi groussen Deel vun de Bierger aus der Gemeng gedroe ginn.

Et bräicht een am Virfeld seriö Analyse fir d’Opschlësselung vun der Verrechnung vum Waasserpräis, sou den Emile Eicher. Et kéint een nämlech net soen, dass een d’Méikäschten aus dem Akaf tel quel sollen un de Consommateur iwwerdroen. A verschiddene Gemenge géing elo schonn iwwer gestaffelt Waasserpräisser nogeduecht a geschwat ginn. E weidere Käschtepunkt wieren dann d’Ofwaasserkäschten, déi nach méi wéi d’Waasserkäschte géingen an d’Luucht goen.

Back to Top
CIM LOGO