DéifferdengGemengerot ass op der Sich no Léisungen an der Sécherheetsfro

Diana Hoffmann
Zu Déifferdeng war e Mëttwoch de Gemengerot zesummen, fir iwwert d’Sécherheet zu Déifferdeng an déi an de Stroossen ëm de Park Gerlach ze schwätzen.
© RTL (Archiv)

Zu Déifferdeng sicht een no enger Léisung, wéi ee kann d’Sécherheetsgefill, mee virun allem och reell d’Sécherheet zu Déifferdeng erhéijen. Als besonnesche Brennpunkt gëllt hei de Park Gerlach. All Dag kënnt et do zu Rassemblementer viru bestëmmte Bistroen, et ass haart an et géing Knascht hannerlooss ginn. E rezente Virfall an der Rue Michel Rodange beim Park huet d’Faass nees eng Kéier zum iwwerlafe bruecht. Direkt e puer Poliziste goufe vun engem Grupp Leit menacéiert a souguer agresséiert. De Gemengerot war dofir e Mëttwoch de Moien d’Urgence an enger Sëtzung zesummekomm, fir iwwert de Sujet ze schwätzen.

Resumé vun der Sëtzung vum Gemengerot / Rep. Diana Hoffmann

Am Resumé kann ee vun der laanger Sëtzung soen, datt ee sech an de meeschte Punkten eens ass. Déi gréng Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch seet, datt parteiiwwergräifend fir d’Bierger zesummegeschafft gëtt. Besonnesch d’Kameraiwwerwaachung war Géigestand vu längere Kontroversen. De François Meisch, mat der Positioun vun der DP, déi nach méi wäit well goen: “Mir si ganz kloer dofir, datt musse Kameraen an de Park kommen. An et soll nees eng Sécherheetsfirma aktiv ginn, op d’mannst sou laang, bis dat neit Policegebai steet, an den Effektiv vun der Police opgestockt ass.”

Datt et zu Déifferdeng soll Kameraiwwerwaachung op bestëmmte Plaze ginn, ass och am Koalitiounsaccord festgehalen. Et ass ee sech awer bewosst, datt Kamerae just een Deel vun der Léisung kënne sinn. Den éischte Schäffen, den Tom Ulveling vun der CSV erkläert: “Mir bestinn op Kameraen, eleng schonn, well mer mengen, datt et dissuasiv ass. Mee et ass natierlech och kloer, datt et mat Kameraen eleng net duergeet, well et de Problem och warscheinlech verlagert. Mee et muss een eng Kombinatioun hu vu Kameraen an en zousätzlechen Effektiv vun der Police”.

Ob den Effektiv vun der Police nach erweidert gëtt, wier awer eng national Fro... A Vue datt iwwerall Beamte feelen, net vun haut op muer ëmzesetzen. De Schäfferot sot, et hätt ee schonn eng Entrevue mat der Police gehat, wou een eng Mobil Police-Unitéit gefrot hätt, éii ëm de Park am Asaz ass. Och den Ali Ruckert vun der KPL fuerdert eng aner Police-Präsens: “Ech wëll drun erënneren, datt d’KPL scho virun 20 Joer Quartierspoliziste gefuerdert huet. Do ass awer iwwerhaapt näischt geschitt. A lo kommen Ersatzléisungen, déi net funktionéiere wäerten.”

Fir d’éischt emol misst een déi genau Situatioun sur place kennen, also wien déi Leit sinn, déi Problemer maachen, ier ee ka geziilt reagéieren, ënnersträicht de Politiker.

Gemengerot Déifferdeng / Rep. Diana Hoffmann

Patrullen ëm de Park wiere fir hien och eng weider Léisung. Déi gréng Partei ass zwar net waarm fir eng Kameraiwwerwaachung, well ee wéisst, datt dat de Problem just géing verlageren. “Dat ass da just een Deel vun der Léisung, mä keng Léisung,” seet d’Buergermeeschtesch. Mä antëscht wier ee bereet, alles ze maachen, fir d’Situatioun ze verbesseren. Fir datt op der Plaz d’Sécherheet kéint verbessert ginn, wéilt ee kucken, d’Agents municipaux mat biergerfrëndleche Missiounen ze betreien. Et wéist een awer nach net, a wéi fern dat méiglech ass.

Séier soll elo d’Plaz ëm de Park Gerlach opgewäert ginn. D’Buergermeeschtesch huet annoncéiert, datt Brauerei vum Bistro Eclat Sportiv, an deem et ëmmer nees zu Virfäll komm ass, wou d’Police huet mussen agräifen, der Gemeng ugebueden huet, de Fonds de commerce fir 45.000 Euro ze kafen. D’Oppositioun huet d’Nouvelle positiv opgeholl. Den Erny Muller vun der LSAP: “Do kéint een e flotte Bistro maachen, well et ass nach ee vun deene rare Caféen, deen e gréissere Sall huet, an et ass nach eng Keelebunn do, déi nees kéint reaktivéiert ginn.”

Déi Lénk hunn dann nach proposéiert, d’Mobilitéitskonzept ëm de Park ze iwwerdenken. Den Eric Weirich vun déi Lénk mat sengem Constat um Schluss: “Et ass lo kuerzfristeg kengem gehollef, och mir net, deen do wunnt. Den Owend, wann ech heem ginn, ass rëm Kaméidi an Dreck virun der Dier. Mee mer hunn awer e puer, och kuerzfristeg Léisungsusätz, wou ech denken, datt mer um richtege Wee sinn.”

Weider bei der Léisungssich geet et an 3 Wochen, wou de Gemengerot eng Sëtzung a Huis clos huet. Da wëll ee weider dru schaffen, datt d’Situatioun sech sou séier wéi méiglech verbessert.

PDF: De Communiqué vun der LSAP-Déifferdeng

Back to Top
CIM LOGO