Ierpeldeng-SauerGemengerot decidéiert Komplementarwalen

Marc Hoscheid
Zu Ierpeldeng-Sauer wäert et zu Komplementarwale kommen. Dat huet de Gemengerot um Freidegowend eestëmmeg decidéiert.

Dem Buergermeeschter Claude Gleis no hätt ee sech fir dee Schrëtt entscheet, well d’Legislaturperiod awer nach ronn 5,5 Joer dauert an een de Conseil net esou laang onkomplett wollt loossen. Aus Käschtegrënn géing ee sech wënschen, datt d’Komplementarwale parallel zu den Europawalen den 9. Juni organiséiert kéinte ginn. Ob dat mam Walgesetz kompatibel ass, ass awer net ganz kloer. Rezent hat jo den DP-Deputéierten André Bauler als Conseiller demissionéiert. Dowéinst besteet de Gemengerot vun der Majorzgemeng aktuell just aus 8 an net aus 9 Memberen.

Back to Top
CIM LOGO