Zukunft vun der KlappjuegdGeorges Jacobs: "Ech hu keng Angscht, datt et zum Verbuet kënnt"

RTL Lëtzebuerg
No enger parlamentarescher Fro iwwer d'Klappjuegd vum Marc Goergen vun de Piraten, reagéiert elo de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs.
© RTL Archivbild

Zukunft vun der Klappjuegd / Reportage Claudia Kollwelter

"Angscht, datt et zu engem Verbuet vun der Klappjuegd kënnt, hunn ech iwwerhaapt net", dat seet de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs. D'Zukunft vun der Klappjuegd ass de Sujet vun enger parlamentarescher Fro vum Marc Goergen vun de Piraten un déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi erkläert huet, datt d'Praxis vun de Klappjuegten ënnert d'Lupp geholl soll ginn.

RTL NEWS: Parlamentaresch Fro - D'Klappjuegd gëtt ënnert d'Lupp geholl901 ugemellte Klappjuegte gouf et zejoert, 2015 waren et der ronn 700. Ma och wann d'Unzuel u Klappjuegten an de leschte Jore geklommen ass, ass dës Form vu Juegd ëmmer méi ëmstridden. Et soll eng Analys gemaach gi vun der Praxis vun der Klappjuegd. De Mike Wagner vum Ëmweltministère ënnersträicht, datt déi Analys mat den Associatiounen an de Jeeër zesumme gemaach soll ginn:

"Dat ka souwuel Saache betreffen, wéi d'Qualitéit vun der Ausbildung vun de Jeeër, d'Manéier wéi gejot gëtt. Datt ee sech nach emol schlau mécht, wat sech bewäert a wat am respektvollsten ass par Rapport zum Déier."

Et wier eng ethesch Diskussioun, déi sécherlech och am ëffentlechen Debat an der Chamber wäert opkommen:

"Eis Gesetzer spigele jo ëmmer just de Stand vun der Gesellschaft erëm, an dat ännert. Ech mengen et ass net schlecht den Exercice ze maachen, fir ze kucken, wou mer haut stinn an ob eis Gesetzer gutt sinn. Eist Juegdgesetz gëllt als dat modernst a ganz Europa. Sti mer do gutt oder mussen eventuell nach Nobesserungen kommen?"

D'Diskussioune wieren dem President vun der Jeeërfederatioun no duerch en Iertum lassgetrëppelt ginn. Ophänkert war de Virfall am November zejoert op der A7.

VIDEO: Wëllschwäin op der A7
D'Nordstrooss war um Freideg de Moie fir ronn 2 Stonne komplett a béid Richtungen tëscht dem Mierscherbierg a Colmer-Bierg gespaart.

]

Dem Georges Jacobs no géing et iwwerhaapt net stëmmen, datt d'Jeeër d'Wëllschwäin op d'Strooss gedriwwen hätten:

"Déi Schwäi si schonn op der Strooss gelaf, laang ier d'Juegd ugaangen ass. Et muss een och wëssen, datt am ganze Land Schwäin op den Autobunnen sinn, do hin- an hierlafen an iwwerrannt ginn, onofhängeg vun Dreifjuegten."

An den Ae vum Georges Jacobs ass a bleift d'Klappjuegd déi bescht Manéier, fir d'Déierepopulatiounen ze reguléieren.
Tëscht 2017 an 2018 gouf iwwregens ronn 17.000 Wëld zu Lëtzebuerg geschoss.

RTL NEWS: Wëllschwäin beim Rouscht op der A7, Autobunn war gespaart

Back to Top
CIM LOGO