3 Joer war et roueg, elo wiert d'Jeeërfederatioun sech nees mat Nodrock géint d'Juegdverbuet op de Fuuss. De President George Jacobs huet um Dënschdeg de Moien erkläert, hien hätt sech déi lescht 3 Joer bewosst zeréckgehalen, well all Argument wat hien oder an aner Jeeër virbruecht hätten, net ugeholl an an den exakte Contraire gedréint ginn ass. Dowéinst hätt een elo de Bols bei de Leit gefrot an do wier de Fazit eendeiteg.
Dem President vun der Jeeërfederatioun no wier de Fuussbestand ëm e Facteur 5 eropgaangen, zanter d'Fiiss net méi geschoss dierfe ginn. Wa se net bejot ginn, géifen d'Fiiss d'Schei virum Mënsch verléieren a ganz no bei d'Haiser kommen, sou den Invité vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moien.
Dem Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira réit de George Jacobs de Leit nozelauschteren, déi hätten et ganz déck do sëtzen, amplaz sech op Etüden aus dem Ausland ze beruffen. Lëtzebuerg wier nämlech dat eenzegt Land op der Welt an deem een totaalt Fussjuegdverbuet besteet. D'Etüd op déi sech d'Autoritéite beruffen géif, Zitat "Null bréngen". Se wier wëssentlech net ze gebrauchen an der Analyse vum Fuussbandwuerm. Dee géif bei eis ëmmer méi problematesch ginn.
Am Kontext vun der neier Opdeelung vun de Juegdlousen, hält d'Jeeërfederatioun drop, datt si an déi konkret Andeelung agebonne ginn. D'Jeeër géifen nämlech am beschte Bescheed wëssen.
D'Jeeërfederatioun huet wëlles eng Walrecommandatioun auszeschaffen. Et wëll ee 24 Froen un d'Parteien adresséieren an da kucken wéi eng am meeschten am Interessi vun de Jeeër äntwert.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de Georges Jacobs, deen e Sonndeg un der Spëtzt vun der Federatioun vun de Jeeër confirméiert gouf.
Flirten d'Jeeër ieren elo amplaz mam Camille Gira mat der CSV? Dat kéint nawell sinn, well op de grénge Staatssekretär ass e Sonndeg op der Assemblée Générale nawell schaarf geschoss ginn – verbal natierlech. An da war, mam net offiziell annoncéierte President vun de Klengdéierenziichter, nämlech och en CSV-Mann zu Walfer op d'Riednerpult geruff ginn, fir vun 800 Déieren ze zielen, déi an engem Joer gerass gi sinn. D'Jeeër an d'CSV...wuel sinn dat haut just Spekulatiounen, mä am Waljoer ass et dann awer derwäert, déi Schwaarz ze froen, ob de Fuuss mat hinnen, erëm Fuuss - oder wéi am Rodange sengem Renert esouguer „Baron“ gëtt.
Et freet mécht dass d'Jeeër, no 3 Joer wou een a Saache Fuussejuegdverbuet näischt vun hinnen héieren huet, sech endlech erëm zu Wuert mellen. Dat ass d'Reaktioun vun der CSV-Nord-Deputéiert Martine Hansen op de Georges Jacobs. De President vun der Jeeërfederatioun huet do ënnert anerem annoncéiert, dass virun de Walen, e Froekatalog un déi verschidde Parteie wäert goen, an dass d'Federatioun no der Auswäertung vun den Äntwerten, eng Recommandatioun un hir Membere wäert eraus ginn. Eng Fro – eng vun deene wichtegsten – ass déi ob een, als Koalitiounspartner an der nächster Regierung, de Verbuet vun der Fuussejuegd nees géing ophiewen. Eng Fro déi d'CSV éischter mat JO beäntwert. D'Martine Hansen erkläert, dass wann zousätzlech Reklamatioune kéimen, a wann ee kéint beleeën, dass et méi Fäll géife gi vun Ugrëff vu Fiiss op Notz- oder Hausdéieren, da géif een dat stoppen. Wann een iwwert d'Juegd schwätzt, dann dierft een dat net aus de Büroen an der Stad decidéieren, mä et misst ee mat de Leit vun der Plaz schwätzen, well déi géifen d'Problemer kennen, sou d'Martine Hansen.
De Bësch während enger Zäit am Joer zou maachen, fënnt d'CSV-Deputéiert awer keng gutt Iddi.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren