Déi gutt Nouvelle ass: d’Sécherheetsmesuren um Bau géingen agehalen an d’Mask gedroe ginn, och wa méi wéi 2 Meter Distanz tëscht de Mataarbechter ass, dat seet de Vertrieder vun de Bauentreprisen. Donieft géing vill op de Chantieren desinfizéiert ginn. Déi schlecht Nouvelle ass: Protektiounsmesurë maachen d'Aarbecht um Chantier méi komplizéiert a méi deier. An dat gouf elo schonn – RTL-Informatiounen no – an eenzele Fäll op de Client ofgewälzt.
De Bausecteur hätt schonn zanter Jore Péng. D'Margë wiere relativ niddreg bei 3,3 Prozent an der Moyenne, wéinst Konkurrenz aus dem Ausland – deels deloyal. Lo kéim nach « den décken Hond », sou de Jean-Marc Kieffer vum Groupement des entrepreneurs. D'Mesurë vum Staat – wéi de Chômage partiel – géingen net duergoen, fir d'Pertë vun de Bauentreprisen opzefänken.
Wat de Congé collectiv am Summer ugeet, do seet de Groupement des entrepreneurs, dass Congéen egal wéi musse geholl ginn. Also bréngt et näischt, déi sougenannt Referenzperiod just tëscht Mëtt Juli a September ze verlängeren. Wann da misst déi Period, an där méi laang ka geschafft ginn, méi laang verlängert ginn.
