Nationale FraerotGeriichtsurteel huet en negativen Afloss op d'Associatioun

RTL Lëtzebuerg
D'FNFL mat der fréierer Politikerin Astrid Lulling als Presidentin hat géint hiren Ausschloss geklot a Recht kritt. RTL hat driwwer informéiert.

Den nationale Fraerot hëlt Nott vum Geriichtsurteel, dat eng Reintegratioun an dëse Conseil vun der Fédération nationale des femmes luxembourgeoises (FNFL) prononcéiert.

Den nationale Fraerot ass net begeeschtert iwwer d’Konsequenze vum Urteel, wéi aus engem Communiqué en Dënschdeg de Moien ervirgeet.

E fäert, dass dat de fräiwëllegen Engagement vu ville Persounen an der Associatioun kéint negativ beaflossen. Den CNFL reprochéiert der Federatioun, d’Statuten net ze respektéieren.

D’Associatioune missten sech op eventuell Versich vun Destabiliséierung virbereeden, esou den nationale Fraerot. Si missten hir Statute systematesch op de Leescht huelen.

PDF: Communiqué de presse CNFL

Back to Top
CIM LOGO