
Domadder setzt Lëtzebuerg eng EU-Direktiv géint den TVA-Bedruch ëm.
Éierlech Bierger a Geschäftsleit solle valoriséiert a Budgetsrecette protegéiert ginn, esou den Tenor an der Chamber e Mëttwoch de Moien. An deem Kader gëtt eng nei europäesch Datebank geschaaft, fir Date vu grenziwwerschreidende Payementer ze sammelen. Déi Donnéeë ginn da vun EU-Experten an der Lutte géint Fraude kontrolléiert. Dës Direktiv kann applizéiert ginn, wa bannent engem Trimester 25 grenziwwerschreidend Payementer un den nämmlechte Beneficiaire gemaach ginn.
Eng weider EU-Direktiv gouf da mat 57 Jo-Stëmmen an nationaalt Recht ëmgesat. Grouss autonom Entreprisen a Multinationale musse vum nächste Joer un eemol d’Joer eng ëffentlech Deklaratioun vun hirer Akommessteier maachen. Dat opgeschlësselt op déi eenzel Länner an deene si aktiv sinn.
Déi EU-Direktiv soll fir méi Transparenz suergen. Bei Firmen, déi weltwäit aktiv sinn, virop grouss Internetfirmen, wär et effektiv net ëmmer einfach, den Iwwerbléck iwwer d’Steieren ze behalen, déi si op hir Recette bezuelen, esou de Rapporter Guy Arendt vun der DP.
Déi Lénk an d‘Piraten hunn déi Ëmsetzung begréisst, well Steieroptimiséierung fir Multinationalen domat méi schwéier gëtt. Si hunn awer bedauert, dass d’Regierung net méi wäit gaangen ass.
D’CSV an ADR hu méi Bürokratie fir Entreprisen an doduerch e Kompetitivitéitsverloscht bedauert. D’CSV huet trotzdeem fir de Gesetzprojet gestëmmt, d’ADR huet sech enthalen.
Et sinn net all Multinationalle viséiert, mä just déi ganz grouss. Wa se e järlechen Ëmsaz vun iwwer 750 Milliounen Euro wärend zwee Exercicer hunn. Fir grouss Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, ass et e Seuil vun 8,8 Milliounen Euro.