
Kuer viru Mëtternuecht gouf der Police e blesséierte Mann virun engem Bistro an der Stad gemellt. Wéi d’Beamten agetraff sinn, hu si e Mann ugetraff, deen eng Wonn hannert dem Ouer hat, déi staark geblutt huet. D’Beamten hunn d’Persoun, déi sech grad ëm de Mann gekëmmert huet, ofgeléist an d’Wonn weider versuergt, bis d’Ambulanz agetraff ass. De Blesséierte Mann koum an d’Spidol. D’Police präziséiert awer, datt keng Liewensgefor besteet.
Nodeem de Blesséierte versuergt war, hunn sech d’Beamten op d’Sich nom méiglechen Täter gemaach, dee si kuerz drop identifizéiere konnten. Dësen huet sech de Beamte fräiwëlleg gestallt. Den éischten Ermëttlungen no war e verbale Sträit, bei deem och Mordmenacen ausgeschwat goufen, den Ausléiser fir déi physesch Attacken. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss an dëse koum schonn e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Déi genee Hannergrënn vun der Dot sinn awer nach net kloer.
Zu Heesdref waren zwou Fraen e Samschdeg géint 14.40 Auer an en Haus agebrach, ma si goufe vun engem vun den Awunner entdeckt. Doropshi si si mat deem, wat si scho geklaut haten, fortgelaf a si mat engem Auto geflücht. Trotz dem Asaz vu méi Patrullen an dem Policehelikopter konnt een déi zwou Täterinnen net erëmfannen. D’Ermëttlunge lafen.
Och vun engem Bewunner vum Haus gouf een Abriecher zu Hoen erwëscht, dat e Samschdeg géint 21.40 Auer. De Mann war duerch d’Terrassendier an d’Wunneng komm. Och hien ass fortgelaf an d’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl.
Ëm ongeféier déi selwecht Zäit hat eng Fra zu Krautem zwee Abriecher an hirem Haus erwëscht. Dës si fortgelaf a sinn dono mat engem Auto geflücht. Ermëttlunge goufen ageleet.