
Kuerz viru 17 Auer e Samschdeg gouf der Police gemellt, datt zu Käerjeng e Mann hannert dem Steier vun engem Auto géif schlofen. dono wier en awer erwächt a weidergefuer. D’Beamte konnten de Mann op engem Parking erëmfannen. Zwou vun de Felge vum Auto ware beschiedegt an d’Gefier hat zwee Platter. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Ermëttlunge lafen nach, wéi et zu de beschiedegte Pneue konnt kommen.
Kuerz no 21 Auer dunn war e Chauffer mat sengem Gefier géint eng Barrière op der Héicht vum Schlassgoart gerannt. De Mann wollt, esou d’Persoun déi d’Police geruff huet, weiderfueren. Wéi d’Beamten awer ukomm sinn, hu si den Auto virfonnt. De Chauffer souz an dësem an huet geschlof. Wéi hien erwächt ass, wollt hien dunn weider duerch d’Barrière fueren, dowéinst hunn d’Polizisten och den Auto ausgemaach an d’Handbrems gezunn. Dat huet de Mann awer net gestéiert, dee säi Gefier nees umaache wollt an weider duerch déi Barrière wollt fueren. De Beamten ass net vill méi iwwreg bliwwen, déi de Mann ze immobiliséieren. Den Alkoholtest hat de Mann verweigert, wisou him de Permis direkt provisoresch ofgeholl gouf. Well hien awer esou staark alkoholiséiert war, koum hien an d’Spidol.
E puer Stonne méi spéit dann e weideren Asaz zu Esch. Hei war en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Auto an e Gefier gerannt, wat op der Säit ofgestallt gouf. De Mann wollt fortfueren, gouf awer vun engem Zeien doru gehënnert. Wéi d’Beamten agetraff sinn, konnte si e Mann untreffen, dee staark alkoholiséiert war. Dëst huet den Test och confirméiert an esou gouf de Permis agezunn.