Detailer no Messerattack um LampertsbiergTäter hat Rendez-vous mam spéideren Affer fir Visitt vu Wunneng

RTL Lëtzebuerg
De Parquet huet en Donneschdeg den Owend weider Detailer zu der Messerattack um Lampertsbierg ginn.
© RTL

Beim presuméierten Täter handelt et sech ëm e belsche Staatsbierger vu 27 Joer, deen net hei zu Lëtzebuerg gewunnt hätt. Den zoustännegen Untersuchungsriichter huet antëscht e Mandat d’arrêt géint hien ausgestallt, wéinst Mord, versichtem Mord a “coups et blessures volontaires”.

De Mann hat e Rendez-vous mam spéideren Affer ausgemaach, fir en Appartement an der Avenue de la Faïencerie kucken ze goen. Déi Verstuerwen, eng Franséisin vu 35 Joer huet fir eng Stater Immobilienagence geschafft. Déi zweet Fra, déi schwéier mam Messer verwonnt gouf, schwieft net méi a Liewensgefor, sou de Parquet. E familiäre Lien tëscht de Concernéierten konnt net etabléiert ginn. Wéi et am Schreiwes weider heescht, wier een eréischt am Ufank vun der Enquête. Eng ganz Rei Iwwerpréiwungen an Expertisë wieren lo amgaangen.

De Parquet erënnert och drun, datt bis zu enger Verurteelung d’présomption d’innocence gëllt.

Schreiwes vum Parquet

Communiqué de suivi du parquet de Luxembourg relatif à un incident survenu au Limpertsberg/Luxembourg
(29.01.2026)

À la suite de l’interrogatoire qui a duré plusieurs heures, le juge d’instruction en charge du dossier a inculpé le suspect pour assassinat, meurtre, tentative de meurtre et coups et blessures volontaires. Au vu des éléments versés au dossier et des dépositions du prévenu, le juge d’instruction pris la décision de décerner un mandat de dépôt. L’homme est un ressortissant belge, non-résident sur le territoire luxembourgeois, âgé de 27 ans.

En ce qui concerne l’état de santé de la deuxième victime, celle‑ci n’est plus en danger de mort.

Concernant le déroulement des faits, il s’est confirmé que le prévenu avait fixé un rendez‑vous avec sa future victime dans le cadre d’une éventuelle transaction/location immobilière.

Il est important de souligner que l’enquête en est encore à un stade préliminaire. De nombreuses vérifications, devoirs d’investigation et d’expertise sont toujours en cours.

Le principe de la présomption d’innocence est rappelé

Back to Top
CIM LOGO