Si huet sech déi lescht Méint virun allem duerch hir haartnäckeg Kriticken am Dossier “Sportmusée” ervirgedoen. Ass no der Demissioun vum Georges Mischo deen Dossier elo komplett zou oder kënnen nach negativ Iwwerraschungen am juristeschen Avis kommen, deen d’Regierung gefrot huet? Dat ënnert aneren wëlle mer de Moien um 8 Auer vun der LSAP-Süddeputéiert Liz Braz wëssen. Si ass eis “Invitée vun der Redaktioun”. Donieft geet et awer och ëm intern Reiwereien an der LSAP a wéi si sech doranner positionéiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.