
Am Raum steet e Vignette-System, dee via Kamerae kontrolléiert gëtt. Um Donneschdeg gouf et an deem Sënn eng Reunioun tëscht de flamänneschen an de wallouneschen Autoritéiten. Dat mellt RTLinfo.
Well d’europäesch Gesetzgebung et net erlaabt, datt just Auslänner bezuelen, mussen och belsch Chaufferen an d’Täsch gräifen. Fir d’belsch Residentë sollen awer parallel Kompensatiounsmoossname spillen.
D’Wallonie rechent duerch déi nei Vignette mat Recettë vun 150 bis 240 Millioune pro Joer. Suen, mat deenen dann déi deels ganz schlecht Stroosse solle gefléckt ginn.