
Géint 1:30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police e gewalttätegen Iwwerfall an der Uewerstad gemellt. Op der Kräizung vun der Grand-Rue an der Rue Aldringen konnten d'Beamten d'Affer untreffen. Dëse wier, esou eegenen Aussoen no, vun enger Persoun festgehale ginn, wärend eng zweet him d'Auer vum Aarm gerappt huet. Dono wiere béid Täter an d'Rue des Baina fortgelaf. No enger kuerzer Sich konnten d'Beamte béid Männer stellen. De Parquet huet si verhafte gelooss an hir Telefone goufe saiséiert.
Zu Hollerech gouf eng Patrull ronn zwou Stonne méi spéit vun engem Mann zu Hollerech ugehalen, deen uginn huet, datt hien iwwerfall gi wier. De Mann war awer staark alkoholiséiert, esou datt hie just wéineg Informatiounen zu den Ugräifer liwwere konnt. Mam Affer zesumme sinn d'Beamten dunn zu Fouss an de Park an der Route d'Esch gaangen, wou den Iwwerfall soll gewiescht sinn. Hei huet de Mann erkläert, datt hie vun zwou Persounen op de Buedem gehäit gi wier an dës hätten him dunn säin Handy aus engem Kuerf geklaut. De Mann hat och Blessuren um Ielebou, déi wuel duerch e Stuerz entstane waren. D'Täter wieren dono fortgelaf, wouhin, konnt de Mann awer net soen. Ermëttlunge goufen ageleet.
Da schreift d'Police nach vun iwwer 80 Fäll vum Stéiere vun der Nuetsrou an 20 Streidereien, déi awer meeschtens séier geléist konnt ginn.