
Den Organisateur vun der Marche um Kierchbierg, de Patrice Cerignat, huet dozou opgeruff géint d'Steierevasioun ze protestéieren, op eng friddlech Manéier, am Respekt vun de Reegelen.
Och d'Lëtzebuerger Police war op den Opruff opmierksam ginn an huet mam Mann geschwat. Op Nofro hin, hu si confirméiert d'Saach am A ze behalen an d'Police wier adequat preparéiert.
Effektiv koumen e Méindeg de Moien e puer Leit um Kierchbierg zesummen.
