
5,8% Inflatioun fir dëst Joer, 2,8% fir dat nächst Joer. Weider Indextranchë géife scho méi fréi ewéi geplangt erfalen, géife se net verréckelt ginn. D’Oppositioun an der Chamber kritiséiert, dass d’Regierung aktuell keng Äntwerte parat hätt, fir op de Kafkraaftverloscht ze reagéieren.
Et kënnt méi schlëmm ewéi den Zenario, dee bei den Tripartiteverhandlungen als Basis gedéngt huet. D’Modelle vum Statec vun deemools sinn elo vereelzt, betount d’Myriam Cecchetti vun déi Lénk. “Déi missten elo scho rëm nei ausgerechent an ugepasst ginn. Déi ‘Iwwerkompenséierung’, wéi jo gesot gëtt, ass zäitlech begrenzt. A wat kennt duerno? D‘Leit kréie jo ëmmer méi schlëmm Problemer mat der aktueller Inflatioun.”
Elo ass kloer, dass d’Indextranche, déi fir den August virausgesot gouf, schonn am Juni kéint erfalen. D’Tripartite-Mesurë gesi jo awer vir, dass déi net ausbezuelt gëtt, mä op d’Fréijoer 2023 verluecht gëtt. Elo gëtt et awer ëmmer méi warscheinlech, dass virun Abrëll dat anert Joer nach eng weider Tranche géing fälleg ginn. Dräi Ministere waren e Mëttwoch an der Spezialkommissioun “Tripartite” an der Chamber. De Co-Fraktiounspresident vun der CSV Gilles Roth bedauert awer, dass Explikatiounen ausbliwwe wären.
“Kee konnt eis haut op eis spezifesch Fro, nämlech wéi de Kafkraaftverloscht ëm eng weider Indextranche géif kompenséiert ginn, eng Äntwert ginn. Dat schéngt eis bedenklech ze sinn. D’Chamber brauch och d’Previsibilitéit vun deene Gesetzer, déi se ausschafft. Mir hätte gären, dass de Statec zesumme mat de Ministeren aktualiséiert Zuelen den Deputéierte virleet. Mir diskutéieren e ganze Pak, deen antëscht bei enger Milliard Euro läit. Do muss déi voll Transparenz spillen”
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet e Mëttwoch um Bord vun enger Pressekonferenz verséchert, “dass keng Indextranche wäert annuléiert ginn”. Da kéim awer iergendwann deen Zäitpunkt, wou e puer cumuléiert Indextranchë mateneen ausbezuelt géife ginn. Dass d’Salairen da beispillsweis op ee Coup 7,5 Prozent gehéicht géife ginn, kann d’Myriam Cecchetti sech net virstellen. “Sou oder sou ginn Indextranchen net ausbezuelt.“
Mat den neie Previsioune vum Statec géife weider Kompenséierungen néideg ginn, esou och den ADR-Fraktiounspresident Fernand Kartheiser. “U sech misst d‘Tripartite jo elo virugoen, fir ze kucken, mat wéi enge Mesuren op d’mannst déi Leit mat niddregem Akommes iwwer déi nächst zwee Joer kompenséiert ginn. Dat wär normal. D’Gewerkschaften an d’Patronat stinn zesumme mat der Regierung an der Verantwortung, elo weider ze negociéieren. De Problem verstäerkt sech iwwer déi nächst Zäit.“
Laangfristeg fuerderen CSV an och déi Lénk, dass d’Steiertabellen un d’Inflatioun ugepasst ginn. An déi Lénk gesi sech confirméiert an hirem Uleies, dass d’Land strukturell Ännerunge batter néideg hätt.
De Finanzministère huet dem Paperjam confirméiert, datt de geplangte Steierkredit, fir d’Energiekäschten opzefänken, eng éischte Kéier am Juli ausbezuelt gëtt. Eben dann, wann déi nächst Indextranche reell erfält. Eisen Informatiounen no ass de Statec och amgaangen d’Froen, déi d’Deputéiert wéinst den aktualiséierte Previsioune gestallt hunn, opzeschaffen