Op der enger Säit Touristen op den Terrassen, op der anerer Säit Awunner, déi Dreck a Schmorri aus den Haiser, de Kelleren eraus gebotzt hunn.
Op der Plaz hu sech de Staatschef an d’Inneministesch Taina Bofferding e Bild vun der Situatioun gemaach.
De Peegel vu der Our stoung op deem Ament nach 1 Meter 80 iwwer normal. Den Debit vum Waasser louch nach ëmmer bei 140 M³ an der Sekonn. Wéi de Luc Reinig vun der SEO erkläert huet, ëmmerhi schonn 2 an en halleft Mol ënnert de Spëtzewäerter vun en Donneschdeg.
Laanscht d’Ufer huet e Freideg d’Grouss Botz ugefaangen. Moralesch Ënnerstëtzung gouf et vum Staatschef, dem Grand-Duc, dee sech vill Zäit geholl huet, fir mat de betraffene Leit ze schwätzen iwwer dat, wat si déi lescht 48 Stonnen erlieft hunn.
Just aus Veianen eraus, uewenaus bei der Staumauer, do hu sech an Tëschenzäit Tonnen u Krëppeng gesammelt. Holz, Gasfläschen, Plastik, deen d’Waassermasse mat gerappt hunn.
En impressionanten Teppech un Dreck, deen d’Ekippe vun der SEO elo bannent den nächsten Deeg aus dem Waasser zéie mussen. Krëppeng, Bulli, deen d’Maschinne vum Pompelwierk a Gefor bréngt.
Souguer Roulotte sinn op de Biller vun der Dron ze erkennen. Hir Proprietäre waren an der Nuecht op en Donneschdeg a leschter Sekonn vu Lëtzebuerger Fräschmänner op engem Camping op däitscher Säit gerett ginn.