
Géint 20.30 Auer e Samschdeg den Owend krut d'Police e Grupp Leit beim Mudam gemellt. An effektiv hunn d'Beamte vill Persounen am Park gesinn.
Déi wieren alleguerte fortgelaf, wéi d'Patrulle bis op der Plaz waren, heescht et am Policebulletin. Zwou Glasfläsche sinn donieft an d'Richtung vun engem Policeauto geworf ginn, deen am ënneschten Deel vum Park stoung.
D'Leit hate sech et virdru wuel och gutt goe gelooss. Der Police no wieren eng Onmass vun eidelen Alkoholfläschen am Park fonnt ginn.
Op Nofro hin, huet d'Police confirméiert, dass sech och um Freideg schonn e Grupp Leit op där Plaz opgehalen huet.
Änlech war d'Situatioun jo d'lescht Joer am Mee a ronderëm Päischten am Juni, wou d'Wiss hannert dem Musée Dräi Eechele scho sougenannten "Hotspot" war, fir gemittlech Owender ze verbréngen.
Nodeems praktesch all Dag bis zu 700 Kilo Dreck opgeraf gouf, ass de Park Mëtt Juli zougemaach ginn.