Falschen AlarmEt gouf eng Geiselnam an engem Supermarché zu Käerjeng gemellt

Andy Brücker
Nieft e sëllege Policepatrulle war och d'Spezialunitéit op der Plaz.
© Domingos Oliveira

E Méindeg de Moie géint 8.40 Auer huet d’Police d’Medien informéiert, dass et ee Policeasaz zu Käerjeng géif ginn, méi präzis an der Avenue de Luxembourg. D’Strooss war gespaart ginn. Weider Informatioune gouf et deen Ament net.

Kuerz no 9 Auer krute mer d’Informatioun vun der Plaz, dass d’Stroossespär opgehuewe wier. Dat huet d’Police eis op Nofro och géint 9.11 Auer bestätegt.

Um 9.20 Auer gouf et da weider Präzisiounen.

Kuerz virun 8 Auer gouf eng Geiselnam an engem Supermarché an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng gemellt. Direkt e puer Patrulle vun der Police sinn op d’Plaz gefuer, grad ewéi och d’Spezialunitéit. Et gouf e Sécherheetsperimeter ronderëm de Supermarché ageriicht.

De Supermarché gouf iwwerpréift, ma et gouf keng Unzeeche vun enger Geiselnam.

Eng Enquête iwwert d’Hannergrënn vun der Meldung ass amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO