
De geplangte Google-Datenzenter zu Biissen war en Donneschdeg de Moien nees eng Kéier e Sujet um Krautmaart. Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring kritiséiert virun allem d'Energieeffizienz vum Projet. De geplangten Datenzenter géif am Verglach mat anere Google-Sitten a mat den europäesche Standarden éischter schlecht ofschneiden.
Ausserdeem géif de Site enorm vill Stroum verbrauchen. Estimatiounen no kéint de Site bal 1.000 Gigawattstonnen d'Joer verbrauchen, ongeféier esou vill wéi all d'Stéit zu Lëtzebuerg zesummen. De Stroum soll zwar zu 100 Prozent aus erneierbaren Energië kommen, mee et géif keng Obligatioun ginn, fir och nëmmen en Deel dovun hei zu Lëtzebuerg ze produzéieren, kritiséiert d'Deputéiert vun déi Gréng.
Et géifen donieft och Froe bleiwen, wat d'Notzung vun der sougenannter Ofwäermt ugeet. Si huet betount, datt d'Hëtzt, déi am Datenzenter entsteet, potenziell fir Dausende Stéit kéint genotzt ginn. De Projet misst dofir "méi innovativ" sinn. Doduerch kéint sech eventuell och d'Akzeptanz an der Bevëlkerung verbesseren.
De Wirtschaftsminister Lex Delles konnt d'Kritik deelweis novollzéien, mee verweist awer och op d'Entwécklung vum Dossier. D'Autorisatiounsprozedur géif schonn op d'Joer 2020 zeréckgoen an d'technesch Ufuerderungen hätte sech an där Zäit weiderentwéckelt. Natierlech misst ee punkto Stroumversuergung d'Kapazitéiten zu Lëtzebuerg weider an d'Luucht setzen, wéi dat och scho säit Jore gemaach gëtt. Notamment och mat der Leitung 380 Richtung Däitschland.
D'Regierung wéilt och en energieeffizienten Datenzenter, esou de Minister. D'Ofwäermt soll genotzt ginn, wann dat méiglech ass, awer net zu all Präis. De Minister huet erkläert, dass et nach keen nationale Kader dofir gëtt, an dass esou Infrastrukturen net iwwerall einfach ëmzesetze wieren. De Lex Delles huet de Projet och an e méi grousse Kontext gesat. Fir d'digital Souveränitéit vun Europa ze stäerken, bräicht een och zu Lëtzebuerg Datenzentren. Dobäi géif et awer net drëm goen, riseg Infrastrukturen unzezéien. D'Stäerkt vu Lëtzebuerg géif éischter an enger vertrauenswierdeger Infrastruktur leien, déi sécher a mat erneierbaren Energië bedriwwe gëtt.