Réiser a SuuftgenGrenzstengkontroll am Réiserbann - eng Sortie des Bornes mat Oscar-Potential

Monique Kater
Am Réiserbann ass dëse Weekend, no zwou Annulatioune wéinst Covid-19, eng 40 Joer al Traditioun relancéiert ginn.
Grenzstengkontroll am Réiserbann
Am Réiserbann ass dëse Weekend, no zwou Annulatioune wéinst Covid-19, eng 40 Joer al Traditioun relancéiert ginn.

D’Gemenge Réiser an Suuftgen trëppelen hir Grenz of a kontrolléieren, ob d’Maarken nach richteg stinn. Wat sech éischter dreschen a langweileg unhéiert, ass hei awer och e folkloristesche Rendez-vous, op dee sech dëst Joer iwwer 70 Leit gefreet hunn.

Dat do ass jo de comble! Op d’Auer kucken, wann een déi vun eiser Säit einfach emol zolidd waarde gelooss huet. Mee déi Ekipp hei hëlt et mat Humor. Déi Suuftgener stoungen nämlech emol net am Stau, mee hate sech verlaf am Bësch, grad ewéi schonn d’Peppenger Pompjeeën an de 50e Joren, déi vun enger Kiermes doiwwer net heem koumen. An wéi den RTL-Kameramann, deen op eemol verluer gaangen war.

Dee Bësch do tëscht Réiser a Suuftgen huet also eppes - Grenzsteng zum Beispill, an déi ginn ee mol d’Joer akribesch kontrolléiert. Den Zoustand vun de Steng a souguer hir Pente gi registréiert. Och den Zoustand scho 40 Joer deen nämmlechten ass, geet déi Info un den Inneministère.

Déi 156 Badettie sti scho laang, an zéien d’territorial Ligne. Wie klaut dann esou eppes? Majo mir Lëtzebuerger an déi vu Suuftgen!

Mee elo emol seriö: iwwert de Sentier des douaniers kann een och ouni d’Bornen ze zielen trëppele goen. Lass geet bei der historescher 4-Hären-Maark.

D’Grenzstengkontroll ass hei méi wéi eng gesetzlech Obligatioun. Et ass e Patrimoine dee Réiserbann a Suuftgen mat Begeeschterung a Succès liewen an erhalen.

© Monique Muller / RTL

PDF: Weeër zu der Véierhäremaark

Back to Top
CIM LOGO