
Well et am Wanter 2017 net genuch gereent hat, konnt sech de Stock u Grondwaasser net genuch fëllen an och dëse Wanter koum net genuch Reen no. Dat huet Konsequenzen an dat natierlech an enger Phas vun Dréchent oder Afenhëtzt, wéi et och zejoert am Summer de Fall war an d'Leit gefrot goufen, fir de Konsum vum Krunnewaasser net z'iwwerdreiwen.
Duerch de wéinege Reen déi lescht zwou Wanterperioden, sinn d'Reserven u Grondwaasser also net substantiell alimentéiert ginn, och wann dëst eréischt an engen 2 Joer wäert Konsequenzen hunn.
Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun hirem grénge Parteikolleeg Henri Kox.
D'Grondwaasser-Reserve goufen also net substantiell déi lescht Méint duerch Reen alimentéiert, sou dass och fir dëse Summer mat Restriktiounen am Waasserverbrauch ze rechnen ass. Als Referenze gëllen d'Quelle Girst a Weissbach, wou d'Grondwaasser duerch Muschelkallekm, respektiv Sandstee leeft.
D'Ministesch präziséiert, datt am Fall vun enger längerer Period vun Dréchent ganz genee d'Seuile vu Grondwaasser an de Verbrauch vu Krunnewaasser analyséiert ginn, wann néideg gëtt dann entspriechend d'Phase de Vigilance dekretéiert, wat mat sech bréngt, datt muss Waasser limitéiert gebraucht ginn, a wann dëst net vu Stéit oder Betriber agehale gëtt, spille Sanktiounen. Dat zielt zum Beispill fir d'Fëlle vun iwwerierdesche Schwämmen, fir d'Wäsche vun Autoen oder d'Nätze wärend dem Dag.
80% vun alle Captage-Statioune vu Grondwaasser a ronderëm de Stau sinn ausgewisen an delimitéiert, dat geschitt déi nächst Joren och mam leschte Fënneftel, deen nach bleift. Parallel ginn den Ament landwirtschaftlech Kooperatioune geschaf.
Dat ass awer net alles, wëll och nei Drénkwaasser-Ressource solle bäikommen. Dat gëllt fir d'Grondwaasser, mä och fir d'Waasser aus der Musel, dat natierlech misst entspriechend traitéiert ginn. Der Ministesch no géif dëst ënnersicht, en Vue och vu grousse Konsumente vu Waasser an der Entwécklung vun der Awunnerzuel. Als Horizont gëtt d'Joer 2035 genannt. Dat ass net aus der Loft gegraff, well bis eng nei grouss Statioun fir d'Traitement gebaut, an d'Leitunge geluecht sinn, ass mat enger Dauer vu 15 Joer ze rechnen, sou datt d'entspriechend Etüd am Gaange wieren.