
Dat geet aus der Äntwert vun de Ministesche Welfring a Bofferding op eng parlamentaresch Fro vun der DP ervir. D’Wieder d’lescht Joer war net gutt, fir d’Grondwaasser opzefëllen. Et war ze dréchen am Summer, den Hierscht huet also scho mat engem Defizit ugefaangen an am Februar huet et och net genuch gereent. D’Situatioun gëtt vun der Waasserverwaltung suivéiert.
Bei engem Risk vun Enkpäss géifen Interventiounsprozedure fir d’Drénkwaasser-Fournisseuren existéieren.
RTL News: Waasserwirtschaftsamt: Grondwaasserreserve sinn ëmmer nach niddreg, trotz Reen am Wanter