Grondwaasserreserve sinn ëmmer nach niddreg, trotz Reen am Wanter
Vun engem Enkpass kéint een den Ament net schwätzen. D’Drénkwaasserversuergung besteet nämlech just zur Halschecht aus Grondwaasser.
D’Grondwaasserreserve sinn ëmmer nach niddreg, an dat obwuel de Wanter, virun allem de Januar, zimmlech naass war. Schold ass ënner anerem de sonnege Februar. Ma och de wéinege Reen am Fréijoer an am Summer zejoert huet seng Spueren hannerlooss. E Phänomen, deen duerch de Klimawandel nach méi dacks virkomme wäert. Den Ament wier awer nach genuch Drénkwaasser do. An awer misst een sech no Alternativen fir d'Drénkwaasserversuergung ëmkucken.
Duerch de Klimawandel géingen d’Vegetatiounsperioden net nëmme méi laang undaueren, mee och méi fréi ufänken, wat problematesch ass erkläert den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes. "Dat heescht, déi Fënster déi mer eigentlech hunn, fir datt d’Grondwaasser sech kann nei bilden, gëtt eigentlech ëmmer méi enk a méi kuerz. Doduerch muss et eigentlech oder mer sinn drop ugewisen, datt et an deene richtege Méint gutt reent. A wéi gesot, fir datt de Buedem gutt naass ass, fir datt kann dee Reen dee fält, fir dass dee sech ka Richtung Grondwaasser infiltréieren. Nach besser wier et, wa mer eng Schnéidecken hätten, déi da lues kann anzéien."
Zwar hätt et am Hierscht an am Wanter vill gereent, vill Reen a kuerzer Zäit wier awer och net ëmmer fërderlech.
“Vu September-Dezember huet et vill gereent, mee et huet bis bal Mëtt Dezember gedauert, bis datt deen éischte Reen konnt duerchbrieche Richtung Grondwaasser. Well et sou laang gedauert huet bis déi éischt zwee Meter benetzt waren an sou benetzt waren, datt de Reen konnt duerchsickere Richtung Grondwaasser…Duerch den dréchene Summer war de Buedem bal wéi duerch Bëtong zesummegewuess…”
Vun engem Enkpass kéint een den Ament awer net schwätzen. D’Drénkwaasserversuergung besteet nämlech just zur Halschecht aus Grondwaasser. Déi aner 50% kommen aus dem Stauséi, wou nach genuch Waasser ass.
Wann d’Populatioun awer weider wiisst, misst ee sech duerchaus Gedanken iwwer Alternative maache wéi z.B. Waasser aus der Musel opzebereeden. Hei lafen den Ament Etuden an deenen ënner anerem iwwerpréift gëtt, wéi den Transport vum Südoste vum Land bis an d’Géigend Stad ausgesi soll.