
Dat ass d’Resultat vun enger Zort Stéchprouf, déi de Wirtschaftsministère zesumme mam Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a mat Ponts & Chaussées gemaach huet. Si haten eng Etüd an Optrag ginn an hunn d’Potential op engem Deel vun der Diddelenger Autobunn analyséiert, wou jo den Ament e Chantier ass.
Resultat vun der Evaluatioun: op deenen 13 Kilometer ass theoretesch e Potential vu ronn 160 Megawatt, wéi de Wirtschaftsminister Lex Delles explizéiert.
“Dat ass Stroum fir ronn 35.000 Stéit, déi kéinten op deem klenge Stéck vun deenen 13 Kilometer duerch Photovoltaik alimentéiert ginn. 2023 sinn zu Lëtzebuerg 77 Megawatt Photovoltaik geluecht ginn.”
Laanscht d’Autobunn kéint een déi Anlagen zum Beispill op de Lärmschutzwänn installéieren, op den Terrainen tëschent der Autobunn an der neier Zuchlinn Lëtzebuerg - Beetebuerg an nieft der Autobunn.
“Mir schwätzen hei u sech vun zwou verschiddenen Zonen. Déi eng, déi direkt an der Proximitéit vun der Autobunn sinn. Dat heescht, dat sinn Terrainen, wou de Staat Proprietär ass. Dat ass bis bei den Drot, déi Talusen, déi do ronderëm sinn. Do ass de Staat an der Proprietéit an dann hannert dem Drot, do ass eng Zon, op déi net dierf gebaut ginn. Déi gehéieren zum Deel dem Staat, zum Deel dem Privatproprietär. Do muss eng Modifikatioun gemaach ginn, datt do dann theoretesch kéint Photovoltaik installéiert ginn.”
Dat bleift awer all dem Privatproprietär iwwerlooss. Eng aner Méiglechkeet, wou ee séier Solarpanneaue kéint installéieren, ass d’Aire de Berchem.
“Déi ass och analyséiert ginn. Do kann een zum Beispill de ganze Parking mat Carporte mat Solarpanneauen zouleeën. Dat ass eng Zon, déi haut souwisou komplett versigelt ass, also kéint een do relativ séier a relativ einfach Photovoltaik-Panneauen drop setzen.”
D’Natura 2000 Zonen, déi op deenen 13 Kilometer leien, déi analyséiert goufen, goufen iwweregens net matagerechent.
D’Ministèrë wëlle sech elo esou séier ewéi méiglech zesummesetzen, fir d’Conclusiounen aus der Etüd ëmzesetzen. Solarpanneaue laanscht d’Autobunn géifen nämlech och dozou bäidroen, datt d’Lëtzebuerg bis 2030 seng ambitiéis Ziler aus dem Pnec, dem nationalen Energie a Klimaplang géif erreechen.
Bis Enn des Joers soll dann och eng Analys vun deenen anere ronn 150 Kilometer Autobunn virleien, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.