
D’Lëtzebuerger Fuerschungszenteren an de Beräicher Wëssenschaft an Technologie, Gesondheet, esou wéi sozioekonomesch Recherchen zeechne sech duerch gutt wëssenschaftlech Leeschtungen aus. Zu dëser Conclusioun kënnt eng Evaluatioun, déi tëscht Ufank 2022 an 2023 am Optrag vum Héichschoul- a Fuerschungsministère duerchgefouert ginn ass. D’Experten hu sech dofir d’Fuerschungsdepartementer, d’zentral Verwaltung, ewéi och d’Gouvernance vun den 3 Institutiounen, LIST, LIH a LISER méi genee ugekuckt. Trotz enger positiver Entwécklung vun de Centres de recherche publics (CRP), géing et nach Méiglechkeeten, fir sech ze verbessere ginn.
Optimiséierungspotential besteet der Schwäizer Firma Interface no, déi d’Evaluatioun duerchgefouert huet, ënner anerem nach an der Fërderung vum Personal. Et bezitt ee sech hei op Fuerscher, dacks aus dem Ausland, déi just op Zäit agestallt ginn. De Stefan Rieder vun Interface:
“Das Personal, das wir interviewt haben, ist hoch qualifiziert und motiviert, der Schwachpunkt beim Personal ist eigentlich immer die Nachwuchsförderung. Das sind Personen, die ein Doktorat oder ein Post-Doktorat machen und jetzt die akademische Karriere weiter fortsetzen möchten, bei diesen Gruppen finden wir, sollte das Karrieremanagement, also die Planung mit diesen Personen verstärkt werden.”
Dozou huet den Héichschoul- a Fuerschungsminister Claude Meisch gesot, datt ee versiche géing deene Leit, och no hirer Fuerschungsaktivitéit, zu Lëtzebuerg Perspektiven opzeweisen. D’Fuerschungsplaze selwer sollten awer net dauerhaft vun deenen nämmlechte Persoune besat ginn, fir e gewëssene Mouvement ze garantéieren.
En anere Kritikpunkt dréit sech ëm d’Finanzen. Fuerschungsinstituter sollten Interface no minimum 40% Drëttmëttel kréien. Déi kënnen z.B. vun der EU kommen. Dat wier den Ament just beim LISER de Fall. Wéi de Stefan Rieder erkläert, wiere sou Mëttel wichteg, fir sech an der EU ze positionéieren:
“Da stellt sich natürlich immer die Frage wie einfach es ist sich zu verbessern, es ist klar, die CRP in Luxemburg sind die einzigen Institutionen ihrer Art im Land, von daher spielt vielleicht nicht so der Wettbewerb, aber umgekehrt sind diese Fördermittel sehr bedeutsam, wenn man sich in der EU versucht zu positionieren.”
Och ass et ëm d’Infrastruktur gaangen. D’Instituter wieren an de leschte Jore séier gewuess, an deementspriechend wier och de Besoin un Equipementer a Plazen, fir ze fuerschen, méi grouss ginn. Et wier eppes, dat een am A behale misst, heescht et vum Minister.