NorditalienOnbekannter klauen Tabloe vu Renoir, Cézanne a Matisse

RTL mat AFP
Wéi déi italieenesch Police e Sonndeg matdeelt, koum et lescht Woch an der Provënz Parma zu engem spektakulären Déifstall vu Konschtbiller.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Véier maskéiert Männer hunn deemno an der Nuecht vu leschtem Sonndeg op Méindeg aus dem Site vun enger bedeitender Konscht-Stëftung dräi Konschtwierker geklaut. Et soll sech dobäi ëm wäertvoll Biller vum Auguste Renoir, Paul Cézanne an Henri Matisse handelen, méi prezis ëm “Les poissons”, “Nature morte au plat des cérises” an “Odalisque sur la terrasse”.

De betraffene Site, aus deem d’Biller geklaut goufen, gehéiert zur Stëftung “Fondazione Magnani Rocca”. Déi véier Verdächteg wieren duerch d’Haaptentrée agebrach an duerno mat de Biller duerch e Park geflücht. Déi italieenesch Police huet eng Enquête lancéiert, och Videomaterial vun den Iwwerwaachungskamerae gëtt den Ament ausgewäert. De Wäert vun den Tabloe läit bei e puer Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO