Police hat séier reagéiertZu Bouneweg konnt e Mann verhaft ginn, deen eng Schosswaff, e Messer a Pefferspray bei sech hat

RTL Lëtzebuerg
En hat sech an engem Buttek verstoppt, wéi d'Police bis op der Plaz war.
© RTL Archiv

E Samschdeg géint 16.40 Auer krut d’Police eng Persoun zu Bouneweg gemellt, déi mat enger Schosswaff an der Diddenuewener Strooss gesi gouf. Si hat sech an engem Buttek verstoppt, wéi d’Police bis op der Plaz war. Do konnt se vun de Beamte gestallt ginn. Si hat Pefferspray an en Täschemesser bei sech. D’Schosswaff, ouni Magazin, gouf an enger Poubelle am Buttek fonnt an och séchergestallt.

Schonn e Freideg soll déi selwecht Persoun responsabel fir en Iwwerfall mat engem Messer gewiescht sinn, esou en éischt Resultat vun der Enquête. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hat e Sonndeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Mat Messer zu Colmer-Bierg a Centre culturel

Zu Colmer-Bierg gouf e Samschdeg eng Persoun gemellt, déi mat engem Messer arméiert an de Centre culturel gaange wier, an do no enger bestëmmter Persoun gesicht huet. Well se déi net fonnt huet, huet se sech nees duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet direkt no der arméierter Persoun gesicht, konnt se awer net méi untreffen.

Back to Top
CIM LOGO